Kengencyclopedia:Wat lëschteg ass a wat einfach nëmmen domm

Vu Kengencyclopedia

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Eng kleng Hëllef wat lëschteg ass a wat einfach nëmmen domm ass...

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Lëschteg ass

[Änneren] D'Wouerecht ass witzeg

D'Wouerecht ass witzeg, dofir huet Satir ëmmer eppes mat der Wouerecht ze dinn. Se ass awer nët identesch mat der Wouerecht. Satir weicht dofir oft e bëssen of an ass doduerch méi wouer wéi d'Wouerecht an doduerch och méi witzeg.

[Änneren] Wikipedia ass lëschteg

D'Wikipedia gëllt als déi ultimativ Parodie-Wiki. Dofir sollte sech KengEncyclopedianer um Opbau an der Fromatéierung vun hieren Artikelen un dësser orientéieren. Well d'KengEncyclopedia e Ruff ze verdeedegen huet, muss awer e Minimum u Rechtschreibung a Grammatik do sinn. Am Géigendeel zu der Parodie Wikipedia kritt een awer keng Pouten, wann een mol eng Kéier net wees, wéi e Wuert richteg geschriwwe gëtt. D'Haaptsaach et ass e verständlecht Lëtzebuergesch.

[Änneren] Onlëschteg an domm (oder béides)

[Änneren] Insiderwitzer

Ass däi Geschlechtsdeel méi grouss wéi d'Gehier vun dengem Proff? Dann registréier der léiwer d'Säit http://www.mäingeschlechtsdeelassméigrousswéidGebiervumengemproff.lu a staun iwwert däi Visiteur-Counter. Oder huet däi Kolleeg Charel gëschter beim Coladrénken dermoosse misse laachen, datt ëm d'Cola aus der Nues gelaaf ass? Schéin! Ziel dat dem RTL Lëtzebuerg oder dem CNN, déi wëssen e gudde Witz ëmmer ze schätzen. Mier awer nët... ganz Éierlech!

[Änneren] Noerzieltes

Hues de dech gëschter bei der Simpsons-Folg gerkréngelt vu laachen? Oder konnst de deng Kolleegen an der Schoul mat engem aale Monty Phytons-Witz begeeschteren? Ët ass derchaus méiglech, datts de an deene Fäll och e gudde Goût hues, wat den Humor ugeet, awer dat alles passt nët heihinner. D'Leid liesen resp. kucken dat alles léiwer am Original. Dat seet ausserdeem nët besonneg vill iwwer deng kreativitéit aus.

[Änneren] Bekiffte Kannerhumor

Artikelen iwwert lëschteg Figuren aus dem Kannerfernseh mat Sätz wéi:

  • "De Spongebob gëllt als Erfanner vum Brennstoffzellebedriwwene Nueshoerentferner an ass an England als Proff beléiwt" oder
  • De Yuppie aus dem Cactus ass den Papp vum Groussherzog Heng I., well et en och als Porteclé a Plüschpetzi gëtt! oder
  • De Papp ass pass ass en bekifftenen Draach, deen op der Stater Gare erëmlungert, well en d'Rout Bréck gebaut huet, dobäi awer iwwert en oppene Stréckel getrollt ass!

... kommen dem bekifften, mannerjähregen Auteur villäicht am Ament vu sengem Rauschzoustand witzeg vir, dobäi sinn se awer éischter langweileg, vollkommen onsatiresch an interesséiere kee Mënsch.

[Änneren] Witzer

Witzer si witzeg, ouni Fro. Awer extra fir e Witz en Artikel ze verfaassen, dat interesséiert eigentlech och keen. Wéi schon am éischte Abschnitt op dësser Säit erkläert, geet et hei drëms, Reales witzeg duerzestellen. Mier sinn also keng reng Witzesammlung!

Perséinlech Tools