Pierre Dillebuerg

Vu Kengencyclopedia

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Den Dillebuergs hiere Pier
Den Dillebuergs hiere Pier

"Oh Mamm, den Här Dillebuerg? Ma dat ass eng ganz formidabel Persoun!"

~ De Pierre Dillebuerg iwwert de Pierre Dillebuerg


De Pierre Dillebuerg (* 999), och nach Dilli, de Pier oder Mister Rosa genannt, ass ee vun de bedeitensten Persounen aus der lëtzebuergescher Geschicht. Hie gëllt als Grënner vu Lëtzebuerg a war fir de Rosa-Lëtzebuergesche Krich 1769 verantwortlech. 1890 huet e sech aus de Staatsgeschäfter zeréckgezunn a lieft zënterdeems op sengem Landsëtz zu Hannerklenghupperdang.

[Änneren] Seng Bedeitung an der Geschicht

No der Grënnung vun der Grofschaft Lëtzebuerg huet hie säi Muechtberäich ëmmer méi staark konnten ausbauen. Grenzstreidegkeete mam belsche Kinnék koum et dunn am Joer 1769 zu der Rosa-Lëtzebuergescher Kris, wou Lëtzebuerg géint d'Belsch an de Krich gezunn ass. No der batterer Nidderlaag vun de Belsch huet den Dillebuerg sech zum Kinnék iwwert dat neiariichte Kinnekräich Lëtzebuerg a Grofschaft Belsch proklamméiert. Fir d'Kréinungzeremonie ass de Popst Clemens XIV. op Lëtzebuerg komm. Am Joer 1890 huet de Pierre Dillebuerg sech zeréckgezunn. No iwwert engem halwe Joerdausent, dat hie massgäblech geprägt huet, wollt en d'Rudder méi jonken iwwerloossen. Well sech awer direkt kee wierdegen Nofolger fannegelooss huet, gouf e grousse Casting organiséiert. Gewënner war hei den Adolf I.. Zënterhier hällt hien sech am Hannergrond a kënnt geleentlech mol fir Renovatiounsaarbechten, egal op et fir d'Politik, de Chambersplänum oder den RTL-Studio ass, erëm. Seng Roll bei der Grënnung vun der Europäescher Unioun ass awer och net ze ënnerschätzen.

[Änneren] Säi literarescht Wierk

Déi mannst wëssen, datt de Pierre Dillebuerg eigentlech och e formidable Schrëftsteller a Komponist ass. Vun him sinn eng Abberzuel Romaner, Saachbicher, Gedichter a Lidder erhaalen, vun deenen e puer bis an dat fréist Mëttelalter zeréckginn. Hie gëtt vu ville Berühmtheeten als héichintelligenten a wäitgereesten Gespréichspartner ugesinn. Hie gëtt och oft a bei ville Geleeënheeten zitéiert.

Virgänger Staatschef vu Lëtzebuerg Nofolger
Kee Virgänger Pierre Dillebuerg Adolf I.
Perséinlech Tools